|
|
ET WOR ENG KEIER:
Opgepasst duerch en Techneschen Fehler sinn verschidden Biller zur Zeit noet online, mir werden des Biller esou schnell wee méiglech rem online setzen: ..Lëtzebuerger Piraten..(Frei Radioën) Radio 104 zu Monnerech
Virwuert: Op deser Séit kéint Dier" Geschicht vun den èischten Lëtzebuerger Radio`Pionéer" liesen,den Auteur Edy Krier an zersummenaarbecht mam Dean Schauls den spéider och bei Radio 104 derbei komm ass, an haut beim Schülerradio "LNW"zu Woltz,den,den Schüler vun haut weist, wéi Radio gemach gët.Hien huet ebenfalls eng Interessant Internetseite zersummengestall,wou én vill iwert Lëtzebuerger Radioswelt,erfueren kann. Wat vill Léit haut nöt wessen ass, dass ounie d`Radiospionéere vun demolls haut, kéin DNR, ELDORADIO, RADIO ARA, RADIO LATINA, RADIO 100,7 an.....,plus allerguer déi méi kleng awer nöt manner wichteg Lokal Radioen giffen éxistéieren,well nömmen duerch déi démollesch Pionéer Aarbecht, ass dat néit Mediengesetz 1992 an Krafft getrueden. An e puer vun denen groussen hun sech,dunn just nach an dat gemaachten Nascht vun denen klengen gesaat,an spillen dat no, wat déi kléng hinnen virgemaach hun. Awer Pionéer hun d`Arbecht gemaach, sie hun verschidden Saachen gemaach vun wou verschieden grousser nömmen drémen kéinne. Opruff: Den Edy Krier selwer Pionéer erziehlt iech op döser Séit wéi Radio`s Pionéer op Lëtzebuerg komm sinn,an erziehlt iech d`Geschicht vum Lëtzebuerger Kult Radio, dem Radio 104 zu Monnerech. Den Dean Schauls erziehlt iech weider an weist op sénger Internetseit: http://www.radiolnw.lu/technik_piratenradios.php alles, wéi ët demolls bei dénen anneren Piratenradioen hei zu Lëtzebuerg wor. Op enger mat Immens vill Aarbecht, an kuerzer opgewanntener,Internetséit,huet den Dean, rahr Zeitungsartikelen vun demolls op senger Séit veröffentlecht. Léiw Kollegen an Kolleginnen,aus der demollescher Zéit, wien huet Zeitungsartikelen,Fotoen Toun-Dokumenter,oder sou guer Videodokumenter vun demols (1985-1992), oder soss nach éppes,méllt iech w.e.g bei ons. iwer Mail bei: edy@edykrierproductions oder bei dean@edykrierproductions.lu
Hei den Haaptopkliewer vun Radio 104 vun Monnerech. Mier Plangen am Wanter eng Tv- Dokumentatioun zér dréinen iwert Pionéer vun demolls an sichen D`Léit vun demolls,Zeitzeien,Nolauschtere answ. Dés Dokumentatioun gët am spéiden Hierscht um Lëtzebuerger Fernsehkanal .Dok den oppene Kanal gewissen. Hinwéis: Des Séit sowei dé vum "Dean "gët stännech Aktualiséert.
Hannert döser Dier ass alles ugangen.... kommt mat op eng Aventure. Den Ufanck: 1985. hat den Edy Krier, Initiative ergraff,no dem hien seng 1. Radioexperiens bei RTL gemaach hat,an duerno Entwecklung,vun den freien Radioen zu Lëtzebuerg ganz genau verfollegt hat,sèlwer eng Test-Sendung vun Monnerech aus zer starten: Wéi ass Idee komm.. Den "Radio grénge Fluesfénkerchen" wor den alleréischten Lëtzebuerger Radio den aus dem Ausland op Lëtzebuerg gesend huet , sein Inisiator wor den Jup Weber, hien wollt ët wessen,wat gif geschéien, wann én anneren Radio, ausser RTL an Lëtzebuerger Sprooch gif senden, ech mengen et wor am Joer 1981 , wou den Jup vir déi eischter Kéier vun Pärel aus op Lëtzebuerg gesendt huet,duerno ass hien mat senger Equipe all Mëttwochs Owes beim Atelier Radio Arlon ennerdaag komm,déi eng Extra duerfir ausgeschafften Lëtzebuerger-Fenster an hieren Programm agebaut hatten. All Mëttwochs Owes ëm 20.15 huet hien mat senger Equipe "LIVE"aus dem Studio vun Atelier Radio Arlon aus der St. Donnatus Kirch vun der Aareler Knippchen 2 Stonnen Programm gemaach.Frequenz wor 102 Mhz op UKW. Den Atelier Radio Arlon dén ennert der Regie stong vun der Maison de la Culture du Sud Luxembourg, de Mann wou dat ganz demolls redigéert huet wor den Marc Antoine.Den Edy Krier wor dermossen fazinéert dass hien sech der Equipe vum Radio grënge Fluesfénkelchen ugeschloss huet an den Léit an der Technick eng Hand ugepackt huet oder "Live"aus sengem Improviéertem Radio`s Studio vun Monnerech iwert eng Telefonsleitung den Manifestatiouns-kalenner duerch gin huet.Iwert Grenzen eraus ass den Radio grënge Fluesfénkelchen e bemol bekannt gin,anzwar duerch den Optrett vum Groussen Symphoneschen Orchester vum Radio grënge Fluesfénkelchen,wéi den Jup en ëmmer genannt huet."VUN TUTEN AN BLOSEN"op der Télé vun der ARD/SW3.Mat am Fluesfénkelchen wor wéi gesot den Jup Weber,Raymond Bisdorff,Gilles Wunsch (Haut beim Radio 100,7)den Robert Garcia "Rogga"genannt an den Jean Pol Roden (Haut beim Radio 100,7) sowéi an der Technik Danielle Grossbusch an Georgette Muller. No enger Zeit huet den Edy och mol selwer mat enger Equipe weider Lëtzebuerger Emissiounen vun der Aareler Knippchen gemaach.Awer dem Jup ass ët ze verdanken dass,duerch opierksamkéit vun viele Léit é bemol Radioswelt zu Lëtzebuerg ugefangen huet mat bougéieren.
Um Kiirchturm,vun der St. Donatus Kiirch,kann én hei nach gut Sendeantenne,(lénks) vun Atelier Radio Arlon erkennen,den Radio dén ët haut och leider nöt méi gët.
Den Raym Bisdorff an den Gilles Wunsch vum Radio grënge Fluesfénkelchen
Den 1.Fréie Radio den vun Lëtzebuerg aus gesend huet... Bis é bemol 1981 schons den Guy Felten,nöt weit vum Postgebei an der Stadt ugefangen huet mat Test-Sendungen maachen,méi 1983 huet den Guy richteg Gas gin anzwar vun Stroossen vun der Aareler Stross,vun do aus un, ass den Radio Organique richteg bekannt gin. Am Ufanck huet den Programm "RADIO 101" gehéischt well Frequenz op déer Test-Sendungen gefuer gin sin,101 Mhz wor. Am Ufanck wor den Programm vum Guy Felten nömmen Owes ze héieren,an no enger Zäit ass dunn mëttes vun 14.00-18.00 Auer an Owes vun 20.00-22.00 Auer.Ob jidde Fall hat den Guy den Courage vun Lëtzebuerg aus zer senden,an huet domader beigedroen dass,den Radio 104 zu Monnerech ugefangen huet.Den Radio Organique huet speider vun der No 11 aus der Liberatiounsstross,aus der Stadt gesendt.Mat him an der Equipe wor den Gerard Valerius mat sengem Kolleg dem TEACHER,an anner interessant Léit.Merci Guy fir dein Courage........
176,rte d`Arlon zu Stroossen,vun hei aus huet den Radio 101 den Test-Programm vun Radio Organique ugefaangen mat Senden.
1.Testsendung vun Radio 104 An dun no langem Hin an Hier wollt den Edy Krier, ët och wessen,an ass dun mat senger éischter Testsendung den 26. August 1985 owes em 21.00 Auer "ON AIR"gangen. Et wor alles esou improviséeirt dass et just en Test sollt sin,awer duerch den Bekanntenkréis an well é bemol eng Antenne op engem Haus zu Monnerech stung dat leider haut eng Ruin gin ass,an besser wier offgerappt zer gin, ët e bemol gehéischt huet, vun do aus gët Radio gemach, den 2. Dag wor den Chaos virprogramméeiert,Telefonen sinn warmgelaaf an jidderen wollt bei den Radio 104...104 Mhz UKW KANAL 55 Am Ufanck,sin Testsendungen no folgendem Horaire gelaaf. Owes em 20.00 Auer bis open-end so guer bis mueres kuerz fir un 5 an dat LIVE.Duerno wor dann Sendepaus bis mueres em 10.00-12.30 dann rem Sendepaus. Den Studio vun demols,wor primitiv, 1 oder 2 Mikroen,en Meschpult mat 5 Kanäle, 1 Plakespiller, 1 Cassettendeck an eng Automatesch Maschine den soe genannten MTL-10 + 1 Telefon. No enger Woch huet en séch getraut éreischt mol 24. Stonnen op Sendung zer goen,domader wor Radio 104 vun Monnerech den 1. Lëtzebuerger Radio den 24/24 St.an 7/7 Deg gesendt huet.Bei den Radio`s Spiller déi demols,am Programm woren, wor nöt méi zer wannen, wéi en Disque méi d`Léit hun sou zahlreich ugerufft, dass zu WOBRECKEN zu Esch -Lalleng D`Sicherungen vum Post Telefon`s- Reseau dat nöt méi gepackt hun an zersummen gefall sin.All Telefonsnummeren déi mat 55.. ugefangen hun woren blockéiert. Dun huet missen schnellstens eng Tëchnesch,ennerung gemach gin.Fir nöt negativ an Schlagzeilen zer kommen sin direkt bei der Post dunn 2 weider Telefonsleitungen,berstallt gin,déi paratoxer Weise direkt instaléert gin sinn,obschon den Radio laut Gesetz nöt hätt dierften zer Senden.An Zweschenzäit wor zwar nach vun enger "offizieler" Testsendung riets,awer ,och déi Léit déi néischt vun Radio um Hut hatten woesten dass,den Radio 104 zu Monnerech an den Radio 101 zu Stroossen, lo an Zwenschenzäit en festen Bestandéil woren an der neier Lëtzebuerger Medienwelt. Wou dunn awer den Programm esou wéit gelaaf, wollt én éischt Expirement machen mam Mediengesetz,et huet en geduecht,dem demolleschen Prémier-Minister Jacques Santer Drock zer machen,an huet Nolauschter,ugestallt angeschriewen Bréiwer un den Minister zer schécken,fir him zer soen dass eppes misst um Lëtzebuerger Radio`s Maart geschéien. Déi 1, Resonanz wor sou grouss dass d`Léit vun Radio 104 an Regierung invitéert gin sin,an hinnen und Häerz geluecht gin ass dach mat der Aktioun opzerhaalen,ët gif um Mediengesetz geschaaft gin. 1.Externe Event Et ass Krëschtdag gin 1985,Radio 104 huet zu Monnerech an der Kirch 2 Mikroen opgeriicht an d`Metten déi um 22.00 wor ass opgezechnet gin an direkt no der Mass, em Mettenuecht ass se dun als Mettenuechtsmaass gesendt gin.Sou wéi et haut nach oft gemach get bei denen méi groussen Radioen.Spéitensdens dunn hat den Radio 104 och vun der Kiirch den chrëschtlechen Segen.Spéider gouwen Massen vun Diddeleng iwerdroen,am Cader vun der Religiesen Emissiounen,Sondes mueres.Méi am Kapitel Religies Emissiounen.
Monnerecher Kiirch,aus déser Kiirch ass 2x Métten-Iwerdroen gin.
2.Externe (LIVE) Event Duerch en Zoufall am Edy Krier senger Vakanz zu Florida stéisst hien op Nasa,do laffen Virberedungen ob Héichtouren,fir den 25.Space Shuttle Flug,direkt gët mat den Léit vun der Nasa geschwaat ob ët méiglech wir fir desen Space Shuttle Start LIVE zer iwerdroen,domader hat zwar kéin gerechnet awer Nasa huet zougestemmt,lo stong awer nach eng anner Teschnesch Fro am Raum,wéi kréien Mier Signal vun der Nasa mam Edy sengem Commentaire op Lëtzebuerg,och do wor kéin Problem,well Léit vun der europäischer Weltraumagence ESA zoufälleg Signal op Paréis iwerdroen hun,hun se den Lëtzebuerger Toun als sougenannten Sub-Carrier Audio Feed mat dem Internationalen Signal vun der Nasa, iwer Satellit no Europa(Paréis) iwerspillt,lo hatten déi zu Monnerech awer nach kéin Signal. Den Studio zu Monnerech hat duerch eng ganz Improviséert Léitung eng verbindung hiergestallt fir und Signal vun Cape Canaveral zer kommen. Ob enger 2.Telefonsleitung konnt den Edy dun mam Studio zu Monnerech schwätzten.Et ass wonnerbar 2 Sachen gleichzeitesch zermachen sot den Edy an engem virgespréich am Studio zu Monnerech well den Edy ass nach haut e ganz groussen Weltraum Fanatiker,wéi Dier um Télévisiounsender. Dok den oppene Kanal kéint gesinn. Den Space Shuttle Challenger wor e groust Event well fir dé éischte kéier ass eng Léierin,Christa Mc Auliffe matgeflunn,dun den Schock , 73 Sekunden Nomm Start Explodéeiert Raumfähre,den Edy ass dem Otem stoen bliwen ech mengen et ass déi enzeg kéier dass him dat geschitt ass,trotzdem huet hien weider geried an geried,bis Nasa d`International Léitungen no Europa iwer Satellit offgeschalt huet. Duerno wor mettes nach eng Pressekonferenz op Cape Canaveral,wou ët awer keng Iwerdroung,op Monnerech gin ass,well do nach keng Satellitenschossel stong, an zu Paréis kéin Techniker méi do wor fir eng Léitung zer schalten , well hei an Europa wor ët schon owes kuerz vir un Mettenuecht.E puer Deg méi spéid wor den Edy rem zu Lëtzebuerg an huet sein Kontakt mat der Nasa verdéiwt,an huet. Mat der Zäit ass eng grouss Satelliten Schossel an den Gaard opgeriicht gin,fir spéider Reportagen Direkt iwer Satellit kéinen an den Studio kénnen zer iwerspillen. Domat wor den Radio 104 dén entzechen Radio denn déss Katastrophe LIVE iwerdroen hat.(Léider)
Den Moment,mat dem kéin gerechnet huet,den Space Shuttle Challenger explodéiert den 28 Januar 1986,73 Sekunden nom Start.Radio 104 wor Live zougeschallt.En trauresscht Kapitel an der Raumfahrt an op Radio 104
1.Neit. Wo vill geschafft gët,an bemol é Succées opkéint,ass den neit nöt méi ganz weit ewech. Wat dé kéine,kéine Mier och,hun sech verschiiden Léit geduercht,an hun ronderem och hier Lokalradioen opgemach,verschiden Equipen sin beim Radio 104 bliwen,annere hun ét op hier Art an Weise probéiert,déi eng mat méi, déi anner mat manner Chance an Erfollesch. A.S.B.L. Fir mol als Verein riicht duer zer stoen goef eng A.S.B.L. gegréint.LES AMIS DE RADIO MONDERCANGE.Domader wor mol den Finanzement vum Radio offgeséchert,well vun elo un konnt en sech, offiziele Finanzéeren,z.b Modernisérung vum Studio stong and d`Haus,néi Disquen hun missen emmer méi séeir kaaft gin fir den Programm,kéinen weiderhinn zer assuréiren.an weider Kéischten hun missen gedeckt gin ,z,b.Strom Telefon,answ.... Bis 1992 huet den Comité zwar e puer mol missen géännert gin awer,A.S.B.L.stung nach wéit iwert é Joer nom Anstellen vum Sendebetrieb ob.
Hei dén sougenanntenen Banner vun der demols néi gegréintenner A.S.B.L.
Bekannten Emissioun an Rubriken esou Interviewen déi én konnt um Radio 104 lauschteren... Lëtzebuerger Musék vun haut an gescht... Lëtzebuerger Musek vun Haut an Géscht,all Méindes Owes(Dés Emissioun ass bis zu Schluss 1992 gefuer gin) an wor e festen Bestanddéil vum Radio 104. Invitéen woren regelmässèg Lëtzebuerger bekannter, an manner bekannten Muséker.Z.B......Moderéiert ass des Emissioun gin am Ufanck vum Felix Wies,an duerno vum Edy Krier. Hei Lëscht mat onsen Stamminvitéen,vun Démolls. Fernand Wark,Angelé Mirkes,Chris Baldo,John Belli,Marc Schmit,Patrick Wilson,Luke Haas,Albert Nerini,Aly Bintz,Fausti,Marcel Jander,Camillo Felgen,Gast Waltzing,Tony Schuster,Guy Schons vun der Dullemajik,Christiane Raach,Gollo Steffen vun der Robert Stephen Band,Zolver Knapp Bléiser,Monnerecher Musék,den Gérard Valerius mat senger Muséks-Gruppe D`JUJU Music,Jimmy Martin,an villen,villen annere. Am Cader vun deser Emissioun ass och 3 oder 4 mol den soegenannten,Lëtzebuerger Owend an der Klensch zu Monnerech organiséert gin.Do sin ëmmer vill Lëtzebuerger Kénschtler Live opgetrueden,denn Lëtzebuerger Owend ass ëmmer LIVE iwerdroen gin fir déi Léit déi kéng Gelegenhéit hatten op Monnerech ze kommen.
Hei den Camillo Felgen op Besuch zu Monnerech an der John Belli während der Opzechnung vun der Krëschtémissioun 2006 fir den Télévisiounsender . Dok den oppene kanal.
Hei e Bild vum Fausti vun 2006 Den Albert Nerini während engem Live Optrett Den Gollo vun der Robert Stephen Band an den Tony Schuster Rubrik: Eng bekannten Rubrik wor allerdéingst eng lang Zéit dem Edy séin "Pink Panther"déin emmer seng Commentairen zur der Aktualitéit oder den én oder anneren Programmhinweis,verstoppt hat.
z.b. Den Pink Panther kraatz sech hei hannert den Ouren,waat denkt hien,ët ass sou roueg den mueren,ass den Radio nach nöt un,oder huet sech den Henri Mancini sech rem verschloff? Well ech héiren mein Lidd nach nöt. Richteg den Strom wor jo néiss fort, an kéin konnt duerfir, duerfir huet den Radiowecker nöt funktionéert,an mein Muséker den Henri Mancini konnt nöt opstoen maa dann gin ech den lo mol direkt érweechen. Mein Rott un iech kafft iech e Wecker mat Batterie oder én fir opze Zéien dann verpasst dir méch mueres nöt, op döser Platz hei um Radio 104..bis muer....
Den Wonschkonzert... O, Mamm do get vill ze zielen,Jidderen um Sender huet sech bal zerstrieden fir dés Emissioun derfen zer fueren,ët wor zwar Stress puer awer trotzdem Relax,Nolauschterer,konnten LIVE (nöt wéi haut op den Senderen)an den Studio uruffen,an sech e Lidd wönschen,dat héscht während e Lidd ugelaaf ass,wor den négsten schon an der Leitung,an d`Léit am Studio hatten 2 Minuten Zait fir den gewéntschtenen Museks Titel am Plakkearchiv zer sichen ,méschtens hun se en fond.(Schued sou eng Sendung an dem Ausmoss gét et haut nöt méi op kengem Sender.....)Wien huet den Wonschkonzert moderéeirt? Raymond Muller,Brigitte, Jeannot Barthel,Danielle Reuter,Marie -Thérese Marcon, Graziella, Felix Wies,René an Josée Weiller,Viviane Weiller,Georgette Monet,Peppy Birtz,Edy Krier an vun villen anneren.......
Internationale Wonschkonzert... Eng Inisiative vum Danielle Reuter wor ët dén soegenannten Internationalen Wonschkonzert zer moderéiren.Et konnt en op verschidden Sproochen uruffen an sech dann en Musékstitel aus dem jeweileschen Land wönschen,an déer en ugerufft huet. Dèsen Internationalen Wonschkonzert ass 1x an der Woch LIVE gesendt gin.
Kanner-Emissioun... Well ët déi Zäit nömmen Denschdes mettes op engem méi groussen Radio eng Kannerémissioun gin ass,huet Radio 104, am Ufanck vun sengem Programm 2 Joer lang ,Denschdes an Donneschdes mettes eng Kannerémissioun vun 1. Stonn produzéert,des goef vum "Méickel" enger Infirmiere aus dem Escher-Spidol moderéeert,mat Kanner aus der Schoulen aus der Monnerecher Geméing.Den Fränck Weiller stong dem Meickel oft zu Séit.Am Cader vun deser Kannerémissioun goew dann och e Bazar organiséert den zu Monnerech an engem Café wor. Den Erléis wunn désem Bazar wor der Organisatioun Rwanda-Lux zer gut komm. Week-end... Am Ufanck ca 2 Joer lang huet Babsi Lentz,Samschdes Owes d`Emissioun Week-end proposéiert an daat al Samschden vun 18h00-20h00 Auer,mat villen Interessanten Norichten vun den Promis.
Wiitze Emissioun... Am Ufanck vun Radio 104 wor et Donneschdes Owes tëschent 20.00 - 22.00 Auer um Marc,mat sénger Wiitze Emissioun,duerfir goew hien och den Wiitze Marc genannt. Zum Déil konnten Nolauschterer och Live eran Telefonéieren an Witze iwert den Radio erziehlen.
Relax... Ganz am Ufanck vum Radio 104 zu Monnerech wor d`Leontine Schaeper bei ons hatt huet als 1.Animatrice Méindes,Mettwochs an Freides Mettes moderéeiert,an zwar ass seng Sendung vun 14.00 - 16.00 gelaaf hei an do goef ët assistéert vum Carlo Medinger.Des Emission ass ca 3. Joer gelaaf.D `Leontine huet enges Dages héiren dass eise beléiwten RTL-Moderator Metty Krings am Spidol wier,spontan huet ët dem Metty eppes guddes matgeholl an ass dun mat der Reportage- Ausreschtung an Spidol gefuer an huet den Metty dun am Spidol interviewt,dem Metty huet dat gut gefall,an ass duerno och rem séier gesond gin,.
Déitsch Schlager... Zu der selwechter Zäit ass och Samschdes,mueres dun d`Sendung mat den Deitschen Schlageren komm,mat soe wuel fréiren Opnahmen wéi och déi aktuells.Och eng Emissioun déi gutt ukomm ass bei den Léit dobausen,well déi Zait,en dés Kategorie vu Musék nöt iwerall gelaf ,zemolls op den Lëtzebuerger Sender.Des Emissioun goef présentéiert vum Karin Fuchs.An der Tounregie soetz demolls den Hugo.
Quiz em 9... Eng Quizémissioun,déi vun Méindes-Freides ausgetrahlt gin ass,ech méngen d`Emissioun ass 1 Joer gelaff an geof présentéert offwieselnd vum René Weiller an Edy Krier.Do dernierwent hat den René awer och seng éjen Quiz-Sendung.Haut mecht den René och nach Radio um Radio Belle-Vallee zu Bieles.
Accordeon`s Musék... Vun 1986-1989 ass och Sonndes muers d`Accordeons`s -Sendung gelaff moderéiert goew se vum Raymond. Den Raymond huet emmer seng Disquen vun dohem matbruecht,well hien haat eng onhéimlesch Sammlung vun Accordeoens`Disquen dohemm. Mat voller Léidenschaft an Asattz ass den Raymond dun komm an huet mat vollem Stoltz déi Musek gespillt déi démols esou wéi haut en op kengem Lëtzebuerger Sender méi left.
Danz-Party... Denschdes an Donneschdes Owes ass des Emissioun vun 1986-1989 ausgestrahlt gin,Presenteiert ass se gin vum Josée Weiller.Dei ganz Repertoiren,vun James Last, Hugo Strasser e.t.c ass ofgespielt gin. Josée huet et ëmmer gewost d`Leit bei gudder Laun zer haalen,an Telefonen sin wei ëmmer waarm gelaaf.Haut left des Emissioun och nach mam Josée um Radio Belle-Valle zu Bieles
Den Auto-Magazin... Et wor déin éischten Auto-Magazin mat Reportagen iwert Auto`s Coursen an sou weider,d`Emissioun ass iwert 3 Joer gelaff an goef présenteiert vum Paul Kirch.
Country Musék... Och eng Country- Emissioun ass ët gin zweschend 1986 - 1989 um Radio 104,présentéiert vum Danielle Reuter,2 Stonnen all Woch,alles iwert`Country Scene vun fréier an demolls. Danielle huet sech ëmmer immens vill méi gin fir seng Emissiounen viirzerbereden,all Text goef exact opgeschriewen,dass nömmen néischt an den vergiess geroden sollt..Vun 1991-1992 wor ët eng 2 Oplage vun der Country Sendung mam Thérèse Birtz,hatt hat oft den Buffalo C.Wayne am Studio.
Buffallo C.Wayne(alias Claude Weber)
The Roy Peter Show... Eiér den Roy Peter zum Schluss vun den Piraten-Radioën kurz beim RFM wor,wor hien awer eng Zäit zu Monnerech. Den Roy huet déi berümten "ROY PETER SHOW" gefuer, mat den néisten an aktuellsten Trends vun Demolls.Haut ass hien bei Radio ARA. Samschdes mueres an présentéiert lo Country Music. Roy Peter
Musikalesch Meditatioun... wor eng Emissioun,de 2 Joer lang gelaff ass um Radio 104.Den Jeannot Schneider den vum Radio New Sunshine komm ass,huet all 2. Freiden Owend vun 22.00-24.00 Auer eng Musekalesch Meditatioun mat den Nolauschtere gemaach,eng Emissioun déi am Ufanck néi wor an herno ganz gut bei den Nolauschtere ukomm ass.
Rallye Radio... + Pomjéiss Sendung... Rallye -Radio wor eng Emissioun,déi 1 x am Mount all kéier den 1. Samschden am Mount (vun 1989-1991) gelaaf ass. Den Micchel Schaack hat déi Zéit en "Funk" an sengem Auto an am Studio stung dunn den Empfänger den mat enger Line op Meschpult geschallt gin ass. D^Sendung wor all Kéier`s op enger annere Platz am Minett,vun wou den Michel huet missen mat engem Kanditat(in) é Rätsel léisen mat der Hellef vun Léit déi am Studio iwer Telefon matgespillt hun. Et ass och munchmol virkomm,dass, Verbindung erwech gefall ass an dass, am Studio kéin méi gewosst huet wou den Michel,an sein Kandidat(in)drun woren,méi dunn sinn se méschten bei déi negst Telefonskabine gefuer an hun sech vun do gemellt.Et ganz flott Spill vun 1 Stonn um Samschden.Eng Kopie vun deser Emissioun lefft haut um RTL - Radio Lëtzebuerg Ebennfalls an der Zeit vun 1989-1991 och emol an der Woch eng Emissioun gemach iwert déi néisten Nouvellen vun der Protect`s an vun den Pompjéien an hieren Corren.Hei ans do huet den Michel och ganz interessant Interviewgäscht gehaat.Pomjéis- Emissioun huet och interessantes iwert den Brandschutz bekannt gin,an wor nöt nömmen fir Léit déi an den Pomjéien woren.
Michel Schaack ...huet mat sou engem ähnlechen Funk,Emissioun Rallye Radio vun baussen spannend gemach.
Kuerzwelle op UKW... Ofwieselnt mam Rallye Radio an der Pomjéiss Sendung ass d`Emissioun Kuerzwelle op UKW mam Marco Schaack,gelaaf wou Radiostationen vun der ganzer Welt firgestallt goewen. Frequenzen, Sendezaiten an so guer den én oder anneren Programmauschnett huet den Marco matbruecht. Watt déi Zait eng Aventure wor fir iwerhaat des Programmer hei zu Lëtzebuerg zer empfänken ass haut eng Liichtechkéit.
Marco Schaack
Den Floumaart... Des Emissioun ass vun Meindes- Freides déi éischt 2 Joer ,an duerno 1x an der Woch ausgetrahlt gin.Moderatioun,wor offwieselnt,Des Emissioun gët et haut just nach bei RTL awer enner stark reduzéerter Form.
Volleks-Musék... Dës Emissioun,ass Joeren lang vum Nico Gros 1x an der Woch présenteiert gin,Voleks-Musek wor dem Nico seng demollesch Leidenschaft,op den Feierdeg huet den Nico emmer Musek dem Daag ugepasst,z.b mat Klasescher Musek oder Krëschtmusek op den Krëschtdeg. Nico Gros
Aktuell Musék... Musék déi demolls zwescht 1987-1992 gelaaf ass,an déi Zäit Top-Aktuell wor ass an der Woch Mëttwochs Owes sowéi Samschdes Owes présentéiert gin vum Jos Bisenius an Samschdes Mettes vum Marco Karels. Onwergieslesch dem Jos seng Uso (Hei ass Radio 104 den Jos,an hei ass Jaki Graham mat Set me Free) Marco Karels
Music-Machine... Jo lang Zait wor en do bis 1990, den René Birchem mat senger Muséks- Maschine,am Ufanck Live an duerno wat vill Léit nöt gewosst hun,wor d`Sendung méschtens am Virauser opgeholl,herno zum Schluss vun den Piraten Radioen wor hien nach eng kuerz Zäit bei engem anneren Sender.d`Emissioun Music-Maschine ass am Ufanck Mettes am Programm gelaff an zum Schluss 2 x an der Woch Owes jeweils 2 Stonnen René Birchem
Disco Music... Mat gleich 2 Disc- Teamen wor Radio 104 beschtens ausgeréischt, am Ufanck wor ët den Jean-Paul Schneider mat sengem Team,an e puer Joer méi spéit den Norbert Mathieu mat sengem Team,déi vill Disco-Musek gespillt hun déi demolls Aktuell wor. Spéider ass den Norbert och nach soegenannten "Chef-Techniker" gin.Am Ufanck wou Radioen légaliséiert woren huet hien och nach hei ,an do mol ,bei den klengen Lokalradioën eng Hand mat ugepaackt.
Mueres Magazin... Déi éischt 4 Joer mueres ëm 08.00 Auer offwieselnt,mam Armand Schuller,an vielen anneren (den Armand Schuller den herno den Radio Sympa zu Reckeng gegrennt huet(en vun den léschten Radiospiraten)
Georgette... Born to be alive mam Patrick Hernandez wor dem Georgette Monet sein Indicatif vun sengen Emissiounen,vun 1988-1990 huet hat mat Haerz Radio gemaach.Am Ufanck ass et mol agesprongen fir den én oder anneren Kolleg,oder Kollegin,bis et herno 3 x an der Woch "Georgette" présentéiert huet,eng Emissioun mat gemëschter Musek,awer hatt huet sech och getraut selwer ennert d`Léit zer goen,op den Krëschtmaart,op`Schueberfoer an soss iwerall wou vill Léit woren,hei an do huet Georgette och mol den En oder anneren Interessanten Interview mat bruecht.Sou guer haat Georgette e puer Interviewen maat Léit wou en nöt sou vill an der öffentlechkéit driwer schwätzt.
Georgette Monet
Memories... Wor den Jo Schmit,all Woch huet,hien déi richtég aal Klasiker gespillt vun fréier,déi en Haut och nach sou gären héiert.Den Jo wor awer och den,den fir Mhz Megahärzecher gesot huet.D`Emissioun ass Dénschdes Owes teschent 18.00-20.00 gelaaf. Jo Schmit
Sport... Och eng Sportsendung ass et gin op Radio 104 ,an der eischte Zait ass se modereiert gin vum Felix Wies an speider vum Aly Picard an nach méi spéit vum Nico Rehlinger den haut bei RTL ass ,hien huet dem Fussball op Radio 104 eng grouss Chance gin, an huet sech den én oder anneren Spiller Live op den Micro geholl,d`Signal ass meschtens iwert eng gelounten Postléitung an den Studio komm,iwerdems e Redakter am Studio wor an a Verbindung stong mat Dem engem oder anneren Reporter op enger annere Platz,dodernierwent woren nach 2-3 Léit am Studio +1 Techniker. Aly Picard
Grand Prix d`Eurovision de la Chansons... Duerch Relatiounen déi bémol opkomm sin wor ët méiglech den Grand Prix d`Eurovision de la Chanson vun 1986-1991 Live aus dem Jeweileschen Iwerdroungsland zer iwerdroen,an zwar iwert International Signal,konnten Léit am Studio zu Monnerech dunn op Lëtzebuergesch den Grand Prix commentéiren, dat en immes groussen Succes haat.
Regelmässech Live Reportagen... Den Radio 104 wor mat weitem den vun den Lëtzebuerger Privatradioen,den déi méischten Live Reportagen vun dobausen gemaach huet,regelmässesch op der enger oder annere Braderie,Quetschefest,Interviewen mat Stars déi op Lëtzebuerg komm sinn,sou guer wor den Radio 104 alt néiss iwerhaat dèin éischte Lëtzebuerger Sender dén LIVE aus dem TGV Train Grande Vitesse eng Live Emissioun bruecht huet, Et muss dat 1989 gerwiejt sinn. Signal ass Live aus dem TGV mat der hellef vun der Regie-Mobile vun der TDF op den franséichen Satellit Télécom geschéckt gin, ass dun zu Monnerech opgefangen gin an Direct iwerdroen gin.Mat um Zuch Live debei wor den Emile Klein demmols den lëtzebuerger Répresentant vun der SNCF hei zu Lëtzebuerg, an Directioun vun der CFLmat vill anner Prominent Gäscht.
En Bild aus den Ufancks-Zäit vum Radio 104,den Daniel Nickels,Michel Steffen an den Jean-Paul Heinen op der Monnerecher Braderie
Aus esou engem "TGV" huet Radio 104 (1989) eng Live Reportage gesendt. Weider Reportagen,woren am Programm vun Samschdes Mettes,ULM Fliggerei zu Medernach, Segelfliggerei zu Useldeng ,Privatfliggerei um Findel,Fligg mam Waarmlooftballon an sou guer huet den Edy aus engem Fligger esou genanntenem Tandem-Fallschirmsprong absolvéiert.Hien ass duefir mam Fallschirmsprangmëschter Ramon aus 3000m héicht aus dem Fligger gesprongen.
Hei den Pilot vun den ULM Fliggeren zu Miedernach,Johny Boeres am Gespréich mam Edy iwert ULM Fliggerei zu Medernach
Prominenz ob Besuch... Am groussen ganzen kann en soen dass um Radio 104 déi méschten Politeker aus an ann gangen sinn,Regelmässech ass den Jean Spautz,demols, Innenminister lanscht komm,den Benny Berg,Mars di Bartholomeo, Jean Asselborn,Nicolas Frisch (Démollege Buergemeschter vun Schëffleng) Gast Giberyen (Démollege Buergemeschter vun Fréiseng),Metty Greisch(Démollege Buergemeschter vu Suessem) Lucien Lux (Démollege Buergemeschter vu Bettebuerg)Irene Krippes (Démollesch Buergerméschtesch vu Mompach) Marcel Schlechter,Francois Colling, Réne Urbany vun der KPL,anw.....des weideren och ganz oft am Studio wor den Henri Schumacher Démolleschen Président vun der UGDA Union Grand Duc Adolphe,Georges Christen,Paul Philipp an villen,villen anneren....... Zu den weideren Stammgäscht am Studio hun geziehlt, den Dr.Jean-Claude Faber vun der Croix-Rouge,den Dr. Yves Schweich,sowei den Démollege Amerikaneschen Ambassadeur sowei den Italieneschen Ambassadeur,sowéi den Maître Gaston Vogel.
Benny Berg Jean Spautz Henri Schumacher
Josy Brebson. Jean Asselborn Marcel Schlechter
Francois Frisch Lucien Lux Dr.Jean-Claude Faber Croix Rouge
Maitre Gaston Vogel
Italienesch Emission... „Canzone Italiana“ huet eng Emissioun gehèscht op Radio 104 déi am Ufanck vum bestoen vun Sender vum Danielle Reuter duerno vum Marie Thérèse Marcon moderéiert gin ass,an spéider vum Marie-Antoinetta Guiducci an senger Frëndin Rosetta iwerholl goef..Sou wuel d`Marie Thérèse wéi Marie- Antoinetta woren 2 Gebiertech Italienerinnen an sie hun et verstann hieren Landsléit an och ons, déi schéinsten Mélodien aus hieren Land zer présentéiren. Grazia…
Marie-Antoinetta Guiducci
Lëtzebuerger Theater... Den Lëtzebuerger Theater wor an den leschten 2 Joer och grouss geschriwen gin um Radio 104, so konnt den Radio 104 Theater Stécker Sonndes Owes als Obzechnung senden,déi entweder vun engem Duerf Theater oder aus dem Staatstheater an der Staat ogeholl sin gin.Dank der grousser Ennersteitzung vum Fons Kontz an Roger Stahl,déi déi Zeit och nach aktiv woren, an der Monnerecher Bounesäck. Roger Stahl Edy Krier Fons Kontz
Rubrik Gaart an Heem... Vun 1990 -1992 wor ët all 2.Woch un der Léit vun Gaard an Heem,den Här Jean Marx huet eisen Nolauschtere,émmer déi beschten Tipp`s gin wéi se hieren Gaart konnten verschéineren,Ebenfalls huet den Här Marx ons och awer Béien an Hunneg informéiert,an e bemol wollt jidderen Hunneg vun eisem Spezialist.
Den Jean Marx vun Gaard an Heem (Sektioun Kayl)
Religies Emissiounen... Alt rem Nuess fir, den Radio 104 huet Gelégenhéit gehaat sech an d`International Signal vum Radio Vatikan anzehéncken ,an konnt sou den Popstsegen Urbi + Orbi Krëschtdeg an Ouschterdeg Live brengen, 2x wor den Edy Krier Live op der Petersplatz derbei an huet bei deser Gelegenhéit den Pater Eberhard von Gemingen interviewt,hien ass nach emmer Chefredakter beim déitschsproochechen Programm vum Radio Vatikan. Religies Emissiounen sin déi léscht 4 Joer also vun 1988-1992 présentéeirt gin vum Edmond Ries,Pit Faber an Abbé Robert Siebenaler vun Diddeleng.Vun do aus sinn dann och aus desem Grond Krëschtdagsmétten an Ouschtermass ëmmer Live vun Diddeleing iwerdroen gin.Den Edmond Ries schafft haut nach mam Edy Krier wat hien eng Religies Emissioun fir den lëtzebuerger Télévisiounkanal . Dok den oppene Kanal produzéiert. Soss kéint Dier den Edmond Ries Sonndes mueres lo um DNR lauschteren.
Edmond Ries Pit Faber Kiirch vu Diddeleng Petersplaatz zou Roum
Pater. Eberhard von Gemmingen
Krëschtdég... Den Radio 104 vun Monnerech huet emmer gesuergt dass Krëschtfest och am Studio zu Monnerech gif grouss geschriwen gin.Den Jempi Mertes huet den Pit Vinandy mat senger Famille agelueden an déi hun dun LIVE Musék am Studio gemaach. En Erliewsniss dat en matéerliewt muss hunn.
1)+ 2) Den Pit Vinandy mat der ganze Famille
3) E Bléck an d`Regie Technikerin vum Déngscht Mireille Eifes
4) Den Jempi Mertes
Aktioun Nächstenléiwt... Aus der grousser Krëschtémission 1989,huet sech dunn erginn dass den Pit Vinandy op den Radio 104 komm ass.Hien huet d`Emissioun Aktioun Nächstenlèiwt moderéiert.Alles iwert Vereiner déi anner Léit gehollef hun.An fir wierklech dringend Fäll ass den Pit selwer op Platz kucken gangen.
Déi Grèist Spezialémissioun an déi Déierst déi jemolls an der Geschichte vum Radio 104 produzéeiert goef. Et wor den 21. July 1989,den Edy Krier an den Pit Vinandy Live am Studio an den Dean Schauls an der TV- Technik.Et wor eng Emissioun déi iwert 4 Stonne gedauert huet an mat andauernd Live Schaltungen hin an hier,am Cader vun dem 20. Anniversaire vun der 1. Moundlandung vun Apollo 11.D` Interview Gäscht uerschtert Welt sutzen op hierer Platz ze warden bis den Radio 104 sie ugerufft huet.Den Edy an den Pit woren herno Pletsch nass geschweisst,vun hirem hin an hier zer schalten an den Dean an der TV-Technik huet dat amüsant fond. D`Interview Gäscht woren demols den Jean-Pierre Chapelle vun TF1 Live vun Pareis zougeschallt wor,den Heinrich Schiemann vum ZDF vun Taunusstein zougeschallt,den Robert Diligent aus der Stadt zougeschallt, den ESA Astronauten Ernst Messerschmitt an Reinhard Furrer vun Köln zougeschallt,den Claude Sanchez vun (Arianespace) rem vun Paréis zougeschallt den M.ichel Dordin vun der AFP och rem vun Paréis an e Lëtzebuerger Schüler den mam Ernst Messerschmitt op der Uni wor, den Prof Heinz Kaminski vun der Sternwachte Bochum Live vun Bochum ,an als léscht iwer Satellit den Dick Young aus dem Kennedy Space Center zu Florida. Während der Emissioun,woren Journalisten vun bal sämtlechen Zeitungen vun Lëtzebuerg am Studio,wat dunn komm ass haat sech kéin erwacht. En Fax aus dem Weissen Haus zu Washington ennerschriwen vum demoleschen US. Président George Bush Senior,den der Equipe vun Radio 104 gratuléert huet fir dass, Lëtzebuerg sech fir den Amerikaneschen Weltraumprogramm sou agessaat huet,an dass sie hinnen 4 Stonnen Programm gewidmet hun. Dat wor dat schéinst Kompliment dat ech jemolls kritt hun,sot den Edy Krier demools den Journalisten,an déi hun dran gekuckt,wéi kéin 2. ten.Käschten déi des Emissioun kascht huet wor den Wert dass Mier se gemach hun,an vun elo un konnt kéin méi des Sendung toppen.Mol kéin vun den groussen....
Reinard Furrer (ESA) Ernst Messerschmit (ESA) Jean-Pierre Chapelle (TF1)
Prof. Heinz Kaminski
Den Edy Krier (L) an den Pit Vinandy (R) fueren déi 4 Stonnen Spézialémissioun aus dem Studio 1
Pit Vinandy + Edy Krier mat an der Hand den Fax aus dem Weissen Haus vun Washington
Repu Artikel vun Demolls
Live Interview mam Neil Armstrong... Kuerz no dem Edy senger 2.Amerika Réiss,wor ët him méiglech "LIVE" iwer Satellit den Neil Armstrong zer interviewen,duerch en Insider-Tip déin hien krutt, ass hien un den Neil Armstrong komm,dësen Interview wor sou iwerascheind dass, den Edy nach Amgang wor Froen opzerschreiwen iwerdems Satelliten-Verbindung no Amerika ,éreischt kurz stong.Et huet dem Armstrong ganz gut gefall,sot hien am Interview,well um Mound 1969 hun Mier jo och missen hei an do improviséieren.Ob desen Interview woren déi ganz Medien hei zu Lëtzebuerg déck jalouse.Trotzdem ass desen Interview an der Presse ernimmt gin am Cader vum 6 Anniveraire vun Radio 104.
Den Neil Armstrong (1969) als 1. Mensch bëtrett hien den Mound, an 1989 interviewt den Edy Krier hien LIVE iwer eng Extra hiergestaalten Satelittenverbindung.
An der Lux Post den Artikel iwert den 6. Gebuerstag vun Radio 104,wou den Interview mam Neil Armstrong ernimmt gët.
Weider Interviewen...
Den franséichen Astronaut Patrick Baudry,konnt den Edy zu Cannes/Mandelieu interviewen,anzwar haat den Patrick Baudry grad e Space Camp opgemmach,wou én konnt wéi déi richteg Astronauten Trainéieren.Den Patrick Baudry hat den Radio 104 agelueden well hien héiren haat dass desen Radio zu Lëtzebuerg immens vill fir d`Raumfahrt gif machen.
Am Simulator vun der geplangtener Europäischen Raumfähre HERMES,den franséichen Astronaut Patrick Baudry am Gepreich mam Edy Krier (1990)
Kuerz Zäit no dem dass den Patrick Baudry sein Space Camp obgemmach huet,ass och den Euro Space Center zu Redu opgangen. Natiirlech wor Radio 104 en mat den éischten Sender déi vun do aus eng Live Sendung gefuer hun.Den Euro Space Center zu Redu ass haut én vun den Dréihuerten wou TV-Emissioun "GESCHICHT VUN DER RAUMFAHRT"opgezechnet gët,dem Patrick Baudry sein Concept ass nöt opgangen an huet 1993 zou gemaach.Schued.....
Kuerz no der Ouverture vum ESC zu Redu (1991)
E weideren Interview,den iwer Telefon zoustanne komm ass,wor den,mam Erich von Däniken,den bekannten Buch Autor huet dem Edy an sengen Nolauschterer alles erklärt iwert seng Viirtreg,iwert seltsam Schrëfften,an Gebeie,sowei seltsame Phänoener,an villes Héichinteressantes.
Erich von Däniken
Reportage iwert den Engel Albert... Et goef eng Zéit zu Lëtzebuerg do, goew vill iwert den Melickshaaf,bericht,all Zeitung,Radio an Télé wooren vun desem Thema wéi hypnotiséiert. Jidderënn hatt eppes zer berichten. Zu Monnerech huet en sech seng Gedanken gemaach ob en dest Thema daat ob allen Medien negativ an der Schlagzeilen wor, soll upaacken. Bis é bémol ët dem Edy duer gangen ass an démols mam Carla Bartolozzi,daat démolls zoustënnesch wor fir déi Klassésch Musék op Radio 104,op den Melickshaff gefuer ass. Et wor Mad. Ketty Donnersbach déi ons do empfangen huet, am Ufanck voller Skeptis huet sie ons dunn eran geloos an den Saal wou déi wöchentléch Versammlungen stattfond hun.Herno goew ët e ganzen Harmoneschen Interwiew mat der Mad. Donnersbach.Wéi den Edy spéider gesoot huet ,wor daat en Interview wéi all déi anner,ët ass en sou wéit gangen dass,en desen Interview esou gesendt huet esou wéi én obgeholl gin ass.No der Austrahlung wor an der "REVUE" e kriteschechen Zeitungs.-Artikel veröffentlech gin,denn,awer dozou beigedroen huet dass, d`Emissioun nach eng kéier extra Rediffuséiert goew,an dem Radio 104 Extra Nolauschter bruecht huet.Vun do un`s huet den Edy decidéiert Extra waarm Saachen unzepacken, un déi sech soss kéin Sender hei zu Lëtzebuerg getraut huet.
Reportage iwert den Start vum 2. Astra Satellite Astra 1b... Eng nei Technick wollt och zu Lëtzebuerg kéin hallt machen,an esou ass ët schons zum 2. Satellitenstart komm vum Astra 1b. Den 2.März 1991 wou SES hieren 2. Satellit den Astra 1b mat enger Ariane 4 Rakéite op eng Erdemlaafbunn vun 36.000 km an op Parkpositioun 19,2° ost positionéiert huet,an e konnt en mat enger ronn 60cm Satelliten-Parabol Antenne Télé Programmer an ganz Europa kucken. Grond genuch fir d`Equipe vun Radio 104,op Betzdorf ze schecken an e flotten Interview mam démollegen Puplic Relations Chef Carlo Rock ze machen.Wou den Reportage esou ze soen an der Këscht wor,kénnt e bemol d`Idee den Radio 104 vun Monnerech op den Satellit ze schecken,wuel verstaan offiziel als Testzwecke.
SES/ASTRA Promo Material Astra Promo Video 2.Astra Autocollant (Source:SES/ASTRA)
Musëk mam Dean... Duerch Zoufall op den Radio komm ass demolls och den Dean
Schauls,ech mengen et wor duerch d`Georgette Monnet. Den Dean huet
Samschdes mettes no 15.00 Auer Programm gemaach mat enger Art Music
Mix.Vun aktueller bis manner aktueller Musék.Den Dean haat 13. Joer wou
hien sech fir déi 1. Kéeier hannert denn Micro gesat huet.Hien ass
demools vun Bettebuerg iwer Esch an dun op Monnerech mam öffentleschen
Transport komm,an et huet soe guer geklappt. Den Dean mecht haut
Radio,zu Woltz,an prépaaréert lo mam Edy Krier zesummen eng Tv-Emissioun
vun den dèmolleschen Radio`s Piraten.Lossen Mier ons iweraschen. Den Dean Schauls am Alter vun 13. Joer demolls am Radio.
Den Wochenhoroskop/Kaachsendung... Obschons am Ufanck vum Radio 104 ët eng Emissioun goef déi sech mat Astrologie beschäftecht huet an déi vun der Madame Alice,moderéert goef déi sech selwer mat Astrologie ausenanner gesat huet,ass der Emissioun schon no kuerzer Dauer den néidegen Power aus gangen. Wéi dann 1990. "Peppy"Thérèse Birtz dös Emissioun néi aus dem Liewen erwècht huet an,dun och nach mam Kurt Allgeier,engem déitschen Astrologe zersummengeschafft huet wor d`Emissioun é vollen Succés. Peppy huet och nach déi eng oder anner Emissiounen moderéert déi grad frei am Programm wor.Zum Beispill Kaachsendung déi en groussen Succées haat,well d`Nolauschterer ëmmer konnten den Menu vun der Emissioun héimgescheckt kréien.Méi bemol sin Nolauschterer dun spontan no der Emissioun an den Studio komm,an hun dem Peppy bei sengen Kaachkonschten iwerrascht. Peppy an Interviewen, dozou ass et komm wou den Edy mol an der Clinique wor,fir no sech kucken ze lossen,den Francois Colling sollt an den Studio kommen,iwer Telefon huet den Edy dun eng hallef Stonn vir un der Sendung Froen dem Peppy an den Studio erantelefonéiert an wou Sendung dun am gangen wor,huet Peppy dun Froen esou gestallt ,wei wann se vun hiem kimmten, dobausen ass dat kengen opgefall,an d`Emissioun ass so gutt verlaff,dass den Francois Colling vun elo aus un öffters,an den Studio komm ass.Dat selwecht zielt och fir den Mars di Bartolomeo.
1+2)Hei Peppy "Thérèse Birtz"mol eng kéier als Kamerafra,beim Télévisiounstest (1991) vun Radio 104. Radio 104 haat (1991) verschidden Reportagen an ejene Regie demols produzéert fir spéider als Télé-Reportage zer senden,Prozedur huet awer zer lang gedauert,an den Projet ass Ausnahmsweis nöt verwierklecht gin.D`Audio oder Toun Spur ass dun fir den Radio verwert gin. Niewendrun den Edy Krier an der Tv-Regie,vun Radio104 TV. 3)Den Kurt Allgeier dem,dem Peppy vill gehollef huet bei der Zersummensetzung vun der Emissioun"Horoskop",an ebenfalls goew bei der virstellung vun der Emissioun och en Interview mat him gemaach. 4) Francois Colling den eigentlech hett sollen beim Edy an der Emissioun sin,an beim Peppy gelandt ass. 5)Mars di Bartolomeo (haut Gesondhéitsminister)
Klassik um Sonnden... Dés Emissiou ass an den Joeren, 1990-1992 all Sonndes mëttes vun 13.00-15.00 Auer gelaaf an ass moderéert gin vum Carla Bartolozzi,hat huet déi Klassesch Musék esou présentéiert wéi et soll sin,no enger Usou vum engem Wierk,wéi daat am Faachjargon héischt an der Klassescher Musék goef déi berühmten 5 Sekunden Pause ageluecht éere Musék ugelaaf ass. Carla huet daat esou gemaach ,wéi wann ët sein Liewen lang nömmen Klassesch Musek gelauschtert hätt, an huet sein Fachwessen iwert déi Klassesch Musék voll agesaat.
Technik an Transmissioun... Radio 104 huet wéi gesot am Ufanck,aus engem ganz kléngen Studio gesendt,et wor jo eigentléch nömmen als Test-Sendung geduegt.Nolauschterer hun ët awer ferdech,bruecht dass, aus der Radio 104 "Test-Sendung" e regulären Programm enstann ass. Fir d`alleréischt ass no e puer Méint ,den Studio2 enstann, aus desem goew "LIVE" gesendt iwerdemms den Studio 1 vergréissert an moderniséiert gin ass.Duerno ass den Studio2 just bei enger Panne vum Studio1, oder bei Revisiounsaarbechten, an beim Nuetsprogramm agesaat gin. Sende-Frequenz ass 1989 ganz liicht verännert gin. Duerch emschalten vun Mono op Stereo(1987) an duerch déi néidech Astellungen um Sender ass vun der Frequenz 104.00 Mhz op 104,10 Mhz emgeschallt gin.Ob déser Frequenz huet Radio 104 bis zum Schluss 1992 gesendt. Satelliten-Transmissiounen sin zum Déil iwert den Démollegen Eureca System gelaaf,z.b Live iwerdroungen vun der Nasa sin nach um Satellit selwer an den europäischen Pal-System emgewandelt gin,an déi iwerdroungen déi iwert den Franséichen Satellit Telecom komm sinn,sin zu Monnerech vun Secam op Pal emgesaat gin.
Den Esa hieren Olympus Satellit ............... an folgend Schema woren mat der Régie vun Radio 104 zu Monnerech kompartibel.
In Pace...
Sylvie,Georgette Monet,Armand Schuller,Rosetta,an Aly Picard sie
hun eis fir ëmmer verloss an wellen op deser Platz un sie Denken.
Zum Schluss... Ouschter Dénschden 1992 no enger Grousser Offschlossparty,wou Vertrieder vun verschieden Radioën sowei é puer Députéierten,an vill Prominenz zu Monnerech op Besuch woren,goew irgendwann an der Nuecht den Sendebetrieb fir ëmmer agestallt,ët hatt en lo Mediengesetz durech d`Chamber geboxt kritt,an lo losse mir déi grouss mol maachen,an sie sollen beweisen wat se geléiert hun,sot den Edy Krier an der Offschlossémissioun.Well d`Aufgabe vun Radio 104 zu Monnerech wor, Drock ze maachen dass anner Radioën sollen and Land kommen.Verschieden Léit aus der Piratenzäit machen och nach haut Emissiounen,déi eng bei méi klengen déi anner bei méi grouss Senderen.Verschieden néi grouss Sender hei zu Lëtzebuerg wessen haut nach nöt wéi se un Sendegenehmigung komm sinn.. Den Edy huet sech spéider fir d`Télé interesséiert an huet eng lang Zäit gebraucht,bis hien dun, den 20.März 2006 am Maurice Molitor senger".Dok-Show"um Télés-Sender .Dok den oppene Kanal bekannt gin huet ,dass hien rëm giff zéreck kommen. Den 6. Oktober 2006 wor et so wéit ech sin erem debei, an des kéier nöt um Radio awer, op dem Lëtzebuerger Télés-Sender . Dok den oppene Kanal. Hei ans do denkt hien nach un déi vill Radio`s Emissiounen zeréck. Awer Télé get Mier eng néi Herausfuerderung an ass vill méi schwèier ze maachen wéi demolls Radio. Avis Aux Amateur wien,mécht mat...........?????
Den 20.März 2006 gët den Edy Krier bekannt,dass,hien gleich op Télé kéint.(Foto:Dok)
Info.... Wann mier denn en oder anneren sollten hei vegiess hun,mellt iech bei ons,well nömmen sou kéine Mier dés Seite stännech erweideren,well et sich jo schons eng Rei Joeren hier
Radio 104... wor Geduergt als Testprogramm,wou e bemmol sech daat ganz awer,ëmmer méi quasi éwei vum selwen entweckelt huet sin Piratenradioën hei zu Lëtzebuerg wéi Championén aus dem Buedem komm,an e bemmol wollt jidderen Radio maachen.Aus dem Radio 104 senger Testsendungen ass e reguliéren Programm gin,an huet sech missen duerch Medienlanschaft duerchschloen.et ass méi erfuerdert gin wéi am Ufanck geduergt gin ass.Awer trotzdem sinn ech Stoltz dass,duerch, 1.Equipe vum Radio grenge Fluesfénkelchen an 2. der Equipe vum Radio 101 (Radio Organique) déi iwerhaat Dieren opgemaach hun fir den Radio 104,denn dunn Schlussendlech Radioslawine zu Lëtzebuerg ausgeléisst huet. Fir um Radio 104 hétten sech der vill nöt getraut,Radio zu Lëtzebuerg ze machen,an wenn wess op mier dann jemools daat neit Mediengesetz hei zu Lëtzebuerg kritt hätten? Dank desem Mediengesetz gin et hei zu Lëtzebuerg och lo verschidden Télévisiounsprogrammer an Lëtzebuerger Sprooch.an Dank desem Mediengesetzt gët et och, Lëtzebuerger Tv Plattform . Dok den oppene Kanal. Léif Kolleginnen an Kollegen,hut Dier Loscht eppes op der Télé ze maachen,ma dann macht ët : Fir weider Renseignementer
|